Eis Meedecher wooren Moies schon gudd drop wou mir opgestann sin. sie hun sech schon drop gefreet fir an Bobbejaanland ze fueren. No enger gudder Zait Auto dun endlich:
Hei woor Mama mam Jill op Achterbunn, well hatt onbedingt drop wollt. wou mir bis dran souzen an Achterbunn ugefong huet ze fueren wollt hatt rem ganz schnell roof, well et huet Angscht krit. Hanno haat hatt et awer gepackt an huet och rem kennen laachen.
Klooterpark fir Kanner
Eng Riesenrutsch, waat fir een Spass, dei 2 wollten guer nik mei do roof klammen.
An dun schnell an Kamionen. Jill woor Chauffeur, an den Pap an Lara souzen hannendrop
Am Zuch
Daat wooren mega Orkaen. sie wollten am leiwsten dran setzen bleiwen, dei gungen ant Luucht an rem rof an hun awer och nach gedreint. daat hun sie alles mega flott fonnt.
Salut! Majo mir, Den Roll an Tina, hun 2Meedecher, Jill an Lara. Vu que dass et sou schweier ass, emmer jidderengem dei ganz Fotoen ze mailen, man mir dest dann elo och.
Also zu eiser Persoun:
Jill: gebuer Mettwochs den 22.03.06 um 7:50Auer zu Ettelbreck an der Maternité.Ech haat 2780 Gramm an woor 48Cm grouß. Meng Hoorfarwef ass chatain geweescht an meng Aan gro-blo. Ech sin am Horoskop een Widder.Meng Elteren sin deck stolz op mech, et woor nik emmer ganz einfach mat mir.Main Pätter ass den Oli, an meng Geedel ass Carole.Dann hun ech meng Bomi Pierrette an main Bopi Karl vun Wolz, an meng Bomi Suzanne vun Walfer.Meng Monnien an Tataen zeelen ech elo hei nik all op, well daat sin der ze vill.
Nik laang dono ass meng kleng Schwester opt Welt komm. woor direkt deck frou mat him. Hei ass alles waats de iwert hatt wessen wells.
Lara:
gebuer Freides den 10.08.07 um 12:40Auer zu Ettelbreck an der Maternité.Ech haat 3250 Gramm an woor 48Cm grouß. Meng Hoorfarwef ass chatain geweescht an meng Aan blo. Ech sin am Horoskop een Léiw.Meng Elteren sin och deck stolz op mech.Main Pätter ass den Andy, an meng Geedel ass Lynn.Dann hun ech meng Bomi Pierrette an main Bopi Karl vun Wolz, an meng Bomi Suzanne vun Walfer.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen